Kontakt

claudine.fischer@pt.lu

www.um-wee.lu

Adresse:

11, rue Pierre Dupong L-3224 Bettembourg

10‘ zu Fouss vun der Beetebuerger Gare

Info Parken:

Parkt w.e.g. op deene schéine neie Parkplaazen just ëm den Eck am Agang vun der Strooss.

Merci

 

Claudine Fischer Nimax

Ech sinn 1961 gebuer, bestuet an hu 4 erwuesse Kanner, an 2 Enkelkanner.

Ech hunn en Ofschloss an der Ergothérapie.
Ech hu Weiderbildungen an der sensorescher Integratiounstherapie gemaach, an an der Reflexintegratioun, Ausbildungen an der Kinesiologie, Weiderbildungen am biologeschen Dekodéiere a verschidden Atelieren  iwwert d’Nei Medezin. Ech hunn eng ofgeschlossen Ausbildung an der prozessorientéierter Opstellaarbecht (DGfS zertifizéiert) a maachen nach regelméisseg Weiderbildungen an deem Beräich. Ech hunn 10 Joer Berufserfahrung am Kader vun der Integratioun vun behënnerten an opfällege Kanner an der Grondschoul. Ech hunn och eng ganz Rei Joren Formatiounen am Kader vun der lëtzebuerger Enseignants-, Educateur/tricen-, an Dagesmammen- Weiderbildung gehaal.

Ech war knapp 20 Joer Indépendant an der eegener Praxis „Liewsleed a Liewesfreed“ mam Schwéierpunkt Elteren a Kanner, Erzéiung a Schoul, stierwen an traueren.

Säit Enn 2022 bidden ech ënnert dëm neien Format "um Wee" meng Ënnerstëtzung un als passeur d’âme -Seelenschleuser, a punktuell nach an der Genogramm- an an der Opstellaarbecht.

Ech schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.